G20-AusseministertreffenEU-Ausseministere wëlle keng Foto mam Sergej Lawrow

RTL mat AFP
Beim Treffe vun de G20-Ausseministeren zu Atlanta sollen duerch eng méiglech "Familljefoto" mam russesche Chefdiplomat keng falsch Impressiounen entstoen.
Verhandlunge mat Russland jo, Fotoe mam Ausseminister Lawrow nee.
Verhandlunge mat Russland jo, Fotoe mam Ausseminister Lawrow nee.
© ERIK S. LESSER/AFP

D'Invitatioun vum Sergej Lawrow op d'Treffe vun de G20-Ausseministere stéisst op wéineg Géigeléift. Um Bord vun de Gespréicher zu Atlanta an den USA huet den däitsche Minister Johann Wadephul gesot, dass et wéinst dem europäesche Widderstand warscheinlech keng gemeinsam Foto mat hirem russeschen Homolog géing ginn. Gläichzäiteg huet hien u Russland appelléiert, sech mat der Ukrain un de Verhandlungsdësch ze setzen.

Weder de Wadephul, nach déi aner europäesch Participante wiere gewëllt, mam russeschen Ausseminister eng sougenannte Familljefoto ze maachen. Et dierfte keng falsch optesch Signaler gesent ginn, well et keng Normalitéit géing gi mat Russland. Et wier dogéint awer wichteg, kontrovers mam Lawrow am Plenum ze diskutéieren.

Den US-Ausseminister Rubio hat de Lawrow op d'Treffen agelueden. Hie plangt e bilateraalt Gespréich mam russeschen Ausseminister. Hannergrond ass dem Donald Trump säi Rapprochement zum Wladimir Putin. D'USA hunn dëst Joer de Virsëtz vum G20-Grupp vun de féierenden Industrie- a Schwellelänner. Den US-President hat de Chef vum Kreml op de G20-Sommet am Dezember agelueden, deen an engem vu senge Golf-Clibb a Florida soll ofgehale ginn. Zougesot huet Moskau bis ewell nach net.

Back to Top
CIM LOGO