Facebook huet e Video geläscht, Twitter de Kont vum Trump-Team blockéiert bis e geläscht gouf.

An dësem Video behaapt den Donald Trump, Kanner wiere quasi immun géint de Coronavirus. Dowéinst kéinten d'Schoulen an den USA no der Summervakanz nees normal opgoen.

Dës Aussoen, déi den Trump an engem Tëleesinterview gemaach huet, wiere falsch. Hei géife geféierlech Falschinformatioune verbreet ginn, wat géint d'Reegele vun den Online-Plattforme verstousse géing, esou béid Entreprisen.

Dem US-President seng Walkampfequipe huet de Video zwar geläscht a war deemno och séier nees online, do huet sech d'Vize-Spriecherin Courtney Parella dann opgereegt, déi sozial Medien hätten eppes géint den Donald Trump. Deen huet sengersäits bei enger Pressekonferenz am wäissen Haus seng Äusserungen am Video iwwert d'"Quasi-Immunitéit" vun de Kanner verdeedegt.

De President wëll, datt d'Schoulen am Hierscht nees normal opginn, wuel och fir der Wirtschaft virun de Walen am November nees an d'Gäng ze hëllefen. Ëmmer méi Schouldistrikter wëlle sech awer dogéint wieren, esou laang d'Ausbreede vum Coronavirus net gebremst gëtt.

Et ass net fir d'éischt, datt Facebook an Twitter sech géint Desinformatioun vum Donald Trump wieren, entweder, andeems Message geläscht goufen oder andeems eng Warnung dobäigeschriwwe gouf.

D'lescht Woch eréischt hate béid Plattformen e Video geläscht, an deem Doktere Reklamm fir d'Malaria-Medikament Hydroxychloroquin fir Covid-19-Patiente gemaach hunn. Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no dréit, wann een d'Erfarunge bis elo kuckt, eng Behandlung mat Hydroxychloroquin net zu enger Baisse vun der Mortalitéit bäi.

Virop Facebook steet ënner enormen Drock, méi streng géint falsch a manipulativ Contenue virzegoen - eng Rei grouss Entreprise refuséieren nämlech dowéinst den Ament, Reklammen op der Plattform ze kafen.