Attacken op d'PoliceIwwer 35.000 Persounen hate sech op der Corona-Demo zu Berlin versammelt

RTL Lëtzebuerg
Déi grouss ugekënnegt Demonstratioun zu Berlin géint d'Corona-Politik huet vill Leit ugezunn, um fréien Owend goufe schonn iwwer 300 Persoune festgeholl.

Well d’Distanzen tëscht den Demonstrateuren an d’Maskeflicht net agehale goufen, huet d’Police verschidde Manifestatiounen nees opgeléist.

Ëmmer nees huet d’Police zanter e Samschdeg de Moien d’Leit an och d’Organisateure vun der „Querdenken-Manif“ opgeruff, fir Ofstand ze halen, wat awer gréisstendeels net geschitt ass.

Duerno koum et op vereenzelte Plazen zu Zesummestéiss mat der Police a Sëtz-Blockaden. Eleng virun der russesche Botschaft hu sech 2.000 Demonstrante versammelt. Hei koum et ënnert anerem och zu Konfrontatiounen tëscht der Police an Demonstranten. Verschidde Medie schwätzen och dovunner, dass d’Police mat Objete beworf gouf.

Tëscht 35.000-38.000 Persounen waren géint 19 Auer e Samschdeg den Owend zu Berlin op der Demo géint d’Corona-Mesuren gezielt ginn.

Kuerz virdrun hate sech ronn 18.000 Mënschen an der däitscher Haaptstad versammelt, fir géint déi däitsch Corona-Politik ze protestéieren. D’Organisateure vun der Initiativ mam Numm “Querdenken 711" hate fir d’Demo opgeruff. Erwaart gouf sech bis zu 22.000 Mënschen.

Gefuerdert gouf op de Plakater ënner anerem fir der “Corona-Diktatur” een Enn ze setzen oder de Corona-Wahnsinn ze stoppen. Och vill Symboler vu Rietsextreme waren ze gesinn. D’AfD an aner riets Gruppéierungen haten nämlech opgeruff fir um Protest Deel ze huelen.

D’Manifestatioun war erlaabt, dat nodeems d’Verwaltungsgeriicht zwee Versammlungsverbueter vun der Berliner Police annuléiert hat. D’Police wollt d’Aktioun vu vir aus u verbidden, well d’Sécherheet net garantéiert wier an d’sanitär Reegelen net kéinten agehale ginn, wann Dausende Mënsche beienee kommen.

D’Police hat sech mat 3.000 Beamten op e Groussasaz um Weekend preparéiert, onofhängeg dovu wéi dëse Sträit viru Geriicht ausgaange wär.

Demonstratioun géint d'Corona-Politik den 1. August.
Demonstratioun géint d’Corona-Politik den 1. August.

Back to Top
CIM LOGO