BelschZäitweis Ausgangsspär elo och an der Province de Luxembourg

RTL Lëtzebuerg
Vun e Mëttwoch u sinn an der Province de Luxembourg onwichteg Deplacementer, Nuets tëscht 1 a 6 Auer Moies verbueden.

De Gouverneur vun der Province du Luxembourg huet e Méindeg den Owend offizialiséiert, dass Deplacementer, déi als net essentiell gëllen, tëschent nuets 1 a moies 6 Auer verbuede ginn. An där Zäit, däerf een dann nëmmen nach aus medezinesche a beruffleche Grënn eraus, oder fir engem Familljemember ze hëllefen.

Dat selwecht gëllt och schonns an der Regioun Brabant-Wallon.

Esou wëll ee verhënneren, dass et zu ze vill private Festivitéiten nuets kënnt, déi d’Quell vu ganz villen Nei-Infektiounen wieren.

Déi aner 3 wallounesch Regiounen, wëllen um Dënschdeg a Mëttwoch decidéieren, op se sech deem Nuets-Lockdown uschléissen.

Back to Top
CIM LOGO