Jonken Täter soll eleng gehandelt hunn, sou den FBI
© TRUMP CAMPAIGN OFFICE / HANDOUT ANADOLU / Anadolu via AFP
De jonke Mann, dee versicht hat, de fréieren US-President an aktuelle Kandidat Donald Trump ze erschéissen, huet dem FBI no wuel eleng gehandelt.
Wéi de Chef vum FBI-Büro am Pennsylvania Kevin Rojek e Sonndeg géigeniwwer Journaliste sot, géifen d'Informatiounen, déi een den Ament hätt, dorop hindeiten, dass den Thomas Matthew Crooks eleng gehandelt hätt. D'Enquêteure kéinten aktuell dann och keng Ideologie hannert der Dot erkennen.
Den Donald Trump hat bei engem Walkampf-Optrëtt e Samschdeg lokaler Zäit am Pennsylvania knapps en Attentat iwwerlieft. Eng Kugel aus engem Gewier hat hien um Ouer getraff. Nieft dem presuméierten Ugräifer ass och e Spectateur gestuerwen, zwee weiderer goufe schwéier blesséiert. Beim Doudesaffer soll et sech ëm de 50 Joer ale Pompjee Corey Comperatore handelen. Hie wier gestuerwen, wéi hie versicht hätt, seng Famill virun de Kugelen ze schützen.
Wéi de Rojek weiderhi matgedeelt huet, hätt den Täter bei sengem Mordversuch en hallef-automatescht Gewier vum Typ AR-556 benotzt. D'Enquêteure ginn dovun aus, dass de Papp vum Attentäter d'Gewier legal kaf huet. Wéi de Crooks et gepackt huet, un d'Waff ze kommen an dës matzehuelen, ouni dass säi Papp eppes dovu matkrut, ass bis ewell nach onkloer. Fréier Matschüler vum Attentäter hunn hie géigeniwwer amerikanesche Medien als rouege Schüler beschriwwen, deen dacks gemobbt gi wier.
US-Geheimdéngscht no Attentatsversuch ënner Drock
No der Attack steet de Secret Service, deen an den USA fir de Schutz vum aktuellen a vu fréiere Presidente responsabel ass, ënner Drock. Reprochen, dass een dem Donald Trump virum Optrëtt am Pennsylvania zousätzlech Protektioun refuséiert hätt, huet den amerikanesche Geheimdéngscht als "absolut falsch" zeréckgewisen.
E Méindeg ass zu Milwaukee am Wisconsin den Optakt vum Parteidag vun de Republikaner. Hei soll den Donald Trump dann offiziell zum Presidentschaftskandidat vun der Partei ernannt ginn. Der Audrey Gibson-Ciccino no, déi beim Secret Service responsabel fir d'Sécherheet vum Evenement ass, wier ee "voll a ganz preparéiert". Et wier en "ëmfaassende Sécherheetsplang" en place gesat ginn.