Fir de Konvent zu Milwaukee, wou den Trump offiziell als republikanesche Kandidat soll ernannt ginn, huet hien e Message vun der Eenheet annoncéiert.

Verséinlech Téin vum Donald Trump a massiven Drock um Secret Service
De Philip Crowther mat senger Aschätzung zum weidere Verlaf vum US-Walkampf nom Attentatsversuch op den Donald Trump

E Message, deen allerdéngs mat Virsiicht ze genéissen ass, geet et no eisem RTL-Korrespondent an den USA, dem Philip Crowther. Schonn an der Vergaangenheet huet den Trump als President dovunner geschwat, et wier Zäit fir Eenheet an den USA, ma dësen Toun hätt sech kuerz duerno séier nees verännert. Fir säin Optrëtt um Konvent vun de Republikaner zu Milwaukee huet hien annoncéiert, e wier prett, fir seng komplett Ried ëmzeänneren, an där et net méi ëm Attacke géint säi Géigner an aktuelle President Joe Biden soll goen.

"Dat ass en Ënnerscheed zu deem, wat mir an deenen éischte Stonnen no dësem Mordversuch op den Donald Trump héieren hunn, vu verschiddene ganz wichtege Republikaner, déi direkt gesot hunn, d'Schold, déi louch beim Joe Biden a bei senger politescher Rhetorik, dat hu mir an deene leschte 24 Stonne vu kengem Republikaner méi héieren."

Wäert den Donald Trump vum Attentatsversuch op hie profitéieren?

"Et gëtt kee bessere Moment natierlech, wéi eng Kris, eng grouss national Kris, fir datt jiddereen d'Eenheet, besonnesch ronderëm e Mann wéi den Donald Trump weist. Ech mengen, d'Republikaner wäerten dat op jidder Fall wärend dëse véier Deeg vum Parteikongress maachen", esou de Philip Crowther.

Donieft gouf et e Méindeg awer nach eng aner gutt Nouvelle fir den Ex-President: Eng Riichterin aus dem Florida huet decidéiert, de Geriichtsprozess géint den Donald Trump ronderëm d'Geheimdokumenter, déi hie soll mat Heem geholl hunn, ze stoppen. Schonn am Virfeld war dës juristesch Prozedur op onbestëmmt Zäit verréckelt ginn. Datt et nach virun de Presidentiellen de 5. November zu engem Prozess kënnt, domadder hat deemools souwisou scho kee méi gerechent, ma elo huet sech d'Affär fir den Trump definitiv erleedegt.

Mussen d'Demokraten den Joe Biden auswiesselen, fir iwwerhaapt nach eng Chance ze hunn?


D'Fro ronderëm dem Joe Biden säi geeschtegen Zoustand a seng Aptitude fir d'Amt vum US-President, ass natierlech ëmmer nach en Thema. Dat a Kombinatioun mam immens staarke Bild, dat den Trump direkt nom Attentat - bluttverschmiert a mat erhuewener Fauscht - vu sech gebueden huet, stellt d'Demokrate virun eng haart Erausfuerderung, fënnt och de Philip Crowther:

"Den Joe Biden huet immens vill Aarbecht elo ze maachen, fir seng Supporter, mee haaptsächlech d'Demokraten am Kongress ze iwwerzeegen, datt hien trotzdeem dee beschte Kandidat ass fir d'Demokraten (...) Hie wëll zwar och e Message vun der Eenheet weisen, mee huet awer och gëschter annoncéiert, datt hie wäert de Wee zréck an de Walkampf fannen, well wärend dësen nächste véier Deeg sinn et haaptsächlech d'Republikaner an den Donald Trump, déi an den Noriichte stinn." 

D'Republikaner ëm den Trump sinn allerdéngs net den eenzege Problem fir den Joe Biden. Och an den eegene Reie ginn déi kritesch Stëmme géint hie méi haart:

"Et ka sinn, datt an deenen nächste puer Deeg a Woche weider wichteg demokratesch Stëmmen erauskommen an déi soen: 'mat deem Mann hu mir net onbedéngt eng besonnesch gutt Chance, fir weider am Wäissen Haus ze bleiwen. Well no esou engem Parteikongress wéi dësem vun de Republikaner, geet et automatesch erop an de Sondagë fir dee Kandidat, dee sech hei wäert op der Bün weisen (...) An deenen nächste puer Deeg an där nächster Woch wäert den Donald Trump nach méi  ausgesinn wéi de Gewënner vun dëser Course", sou nach eisen RTL-Korrespondent.

De Secret Service steet nom Attentatsversuch massiv an der Kritik

De Secret Service hat den Donald Trump e Samschdeg den Owend a Pennsylvania ofgeschiermt, wéi en awer scho getraff war. D'Agence, mat der Missioun vum Persouneschutz vun aktuellen a fréiere Presidenten, gouf awer dofir kritiséiert, d'Plaz vun der Ried vun der Walcampagne net ënner Kontroll gehat ze hunn, respektiv hätten d'Sécherheetsleit de Perimeter ze enk gerechent. Een Trump-Sympathisant war ëm d'Liewe komm an zwee goufen eescht verwonnt, wéi d'Schëss gefall waren.

D'Directrice vun der Agence, d'Kimberly Cheatle, huet - an Erklärungsnout - verséchert, den Dispositif vun elo un ze verschäerfen. Den FBI enquêtéiert an de Secret Service huet sech bereet erkläert, sech de Kontrollen am Kader vun där Enquête ze stellen.

RTL

© AFP/Aude GENET, Sabrina BLANCHARD, Cléa PECULIER

Parallel dozou huet den FBI och d'Ëmfeld vum Thomas Matthew Crooks vu Bethel Park bei Pittsburgh am Viséier. Den 20 Joer jonke Mann wier intelligent gewiescht a schei. En hätt ni e verschäerften Intressi gewise fir Politik oder Gewalt a war och net virbestrooft. En huet mat senger Schwëster bei senger Mamm gelieft an d'Enquêteure probéieren elo, seng Motivatioun ze verstoen, zemools well en ageschriwwene republikanesche Wieler gewiescht wier. Schoulkomerode vu fréier bezeechnen hien als "confirméiert konservativ". Den Thomas Crooks krut virun zwee Joer säin Diplom vun der High School iwwerreecht a war op kengem sengem Radar. D'Police geet dann och dovun aus, dass en eleng säi Plang duerchgezunn hätt.

E Sonndegowend dann huet den Joe Biden eréischt seng drëtt offiziell Usproch gehalen aus dem Oval Office vum Wäissen Haus, zanter en 2021 President gouf.

"Meenungsverschiddenheete sinn inevitabel an der amerikanescher Demokratie. Mee Politik dierf ni zu engem Schluechtfeld ginn. An der Politik musse friddlech Debatte gefouert ginn, am Numm vun der Gerechtegkeet. Entscheedungen, déi op eiser Onofhängegkeetsdeklaratioun an op eiser Verfassung berouen. Mir brauche keen Amerika vum Extremismus, vum Haass, mee vun der Fairness an der Gnod." 

An der Geschicht vun den USA goufe 4 Presidenten ëmbruecht. Vill méi waren der Attentater dovukomm.

Verséinlech Téin vum Donald Trump a massiven Drock um Secret Service
D'Agence, mat der Missioun vum Persouneschutz vun aktuellen a fréiere Presidenten, steet nom Attentatsversuch op den Donald Trump massiv an der Kritik