US-WalkampfD'Kamala Harris sicht hire "Running Mate"

Maxime Gillen
An den USA wäert déi viraussiichtlech Kandidatin fir d‘Demokraten bei de Presidentiellen e Méindeg hire potentielle Vizepresident nominéieren.
© AFP

Dëst ass eng vun deene wichtegsten Decisiounen an hirem Walkampf. Am Idealfall kann dës Persoun nämlech genee do zousätzlech Stëmme sammelen, wou d‘Kamala Harris net esou populär ass.

E Kandidat fir “Demographic balance” am Team Harris

Bis zum Schluss ware virop véier Nimm mat an der Course fir de Poste vum sougenannte Running Mate: Den Tim Walz, Gouverneur vu Minnesota, den Josh Shapiro, Gouverneur vu Pennsylvania, de Mark Kelly, Senateur vun Arizona, an den Andy Beshear, Gouverneur vu Kentucky. Alles wäiss Männer, déi d‘Kamala Harris am beschten och nach op enger Rei Sujete kënnen ergänzen.

De Patrick Canning, President vun den Democrats Abroad Lëtzebuerg, nennt dat eng “demographic balance”, also en demographescht Gläichgewiicht, dat de Kandidat fir d‘Vize-Presidence soll matbréngen.

Iwwerhaapt géif et an dësem Fall guer kee schlechte Kandidat ginn, fënnt de Patrick Canning.

Harris sicht Running Mate / Rep. Maxime Gillen

Kandidat aus engem “Swing State” wier strategesch interessant

Nieft der Kompetenz an der Popularitéit ass och wichteg vu wou d‘Kandidate kommen. Wéinst dem US-Walsystem kéint e Kandidat aus engem sougenannte Swing State essentiel Stëmme fir d‘Demokrate matbréngen. Als “Swing States” gi Bundesstaate bezeechent, déi historesch weder kloer demokratesch, nach kloer republikanesch wielen.

“Swing States determinéiere wie President gëtt”, betount de Patrick Canning. Dowéinst wier et eng gutt Iddi, wann den Josh Shapiro aus Pennsylvania oder den Andy Beshear, dee Gouverneur an engem republikanesche “Red State” ass, zesumme mam Kamala Harris géifen untrieden.

Trump kéint Fräiheeten erëm limitéieren

Fir de President vun den Democrats Abroad Lëtzebuerg war et och déi richteg Decisioun vum Joe Biden, fir seng Kandidatur zeréckzezéien. Déi desastréis Tëleesdebatt tëscht dem Joe Biden an dem Donald Trump hätt villen Demokraten d‘Aen opgemaach.

Op d‘Fro, wéi en Afloss eng Victoire vun Trump oder Harris op d‘Amerikaner am Ausland hätt, äntwert de Patrick Canning: “I think the United States will go along, regardless who wins, like they always have.” Gläichzäiteg warnt hien, den Donald Trump eng Gefor fir déi essentiel Fräiheete vun den Amerikaner.

En Dënschdeg start d‘Kamala Harris mat hirem Running Mate op grouss Walkampftour duerch siwe Swing States. Lass geet et am Pennsylvania, ier si bis e Samschdeg nach weider sechs Swing States passéieren.

Back to Top
CIM LOGO