Kamala Harris ass elo offiziell Spëtzekandidatin bei den Demokraten
Um Partei-Dag zu Chicago gouf den Online-Vott de Partei-Statutten no offiziell confirméiert.
Si huet sech dann och via Video-Schaltung Live op d’Convention gemellt, wou si Merci gesot an d’Nominatioun och formell acceptéiert huet. Hir Haaptried hält si eréischt an der Nuecht op e Freideg eiser Zäit. Hënt huet den Ex-President Barack Obama awer scho geschwat.
D’USA wiere prett fir eng Fra am Wäissen Haus, huet hie betount. D’Demokrate misste sech engem Kampf stellen, dat géint véier weider Joer Donald Trump. Seng Fra Michelle huet dann alleguer d’Wieler och opgeruff, sech net just ze beschwéieren, mä eppes z'ënnerhuelen. Et wéisst een, wat véier Joer Trump géife bedeiten an et wier un de Wieler, dat ze verhënneren. D’Hoffnung wier duerch den Duo Harris a Walz op alle Fall nees zeréck.
Eng Ried gehalen huet iwwerdeems hënt och d’Stephanie Grisham. Si war ëmmerhin an der Trump-Regierung vun 2017 bis 2019 Porte-Parole a Kommunikatiounsdirektesch am Wäissen Haus. An där Zäit hätt si gutt gemierkt, dass den Donald Trump keng Moral hätt an d’Wourecht bewosst dacks géif verdréinen.