Monsunreen am Bangladesch
4,5 Millioune Mënsche vun Iwwerschwemmunge getraff

© AFP
No de politeschen Onrouen hunn déi Millioune Leit am Bangladesch lo mat Iwwerschwemmungen ze kämpfen.
All Joers kënnt et am Bangladesch zu Monsunreen, wou esou vill Waasser erof kënnt, dass déi vill Flëss, déi duerch d'Land zéien, séier iwwerlafen. Am Oste vum Südasiatesche Land ass genee dëst rëm geschitt. Aus dem Näischt sinn extrem Waassermasse komm, déi ganz Dierfer iwwerschwemmt hunn.
Wéi d'Autoritéite vum Katastropheschutz mellen, si knapp 4,5 Millioune Leit vun den Iwwerschwemmunge getraff an 13 Persoune sinn ëm d'Liewe komm.
Am meeschte gelies