
Mat dëser Decisioun huet d’Geriicht ee Prezedenzfall geschafen. Et ass déi éischte Kéier, datt esou eppes an enger Adoptiouns-Affär geschitt. Déi adoptéiert Fra huet elo Accès op de Familleregester vum biologesche Papp an domadder ee legalen Usproch op d’Ierfschaft. Dëse Fall kéint ee Beispill ginn a kéint an Zukunft villes fir aner Adoptéierter änneren. Vläicht kéinten déi Concernéiert vun elo u méi einfach biologesch Elteren erëmfannen a vun hinne juristesch unerkannt ginn.
D’Kara Bos gouf mat 2 Joer a Südkorea ofginn a vun enger amerikanescher Famill adoptéiert. Si huet net iwwer hir Originnen nogeduecht, bis si selwer Mamm ginn ass a gemengt huet, sech besser kënnen an hir biologesch Mamm eranzeversetzen.
A Südkorea ass et immens schwéier Informatiounen iwwert eng Adoptioun an iwwer biologesch Elteren ze kréien. Kritiker soe souguer, de System wier méi restriktiv wéi an anere Länner. Esou huet och d’Kara Bos näischt fonnt. Si huet dunn iwwer Internet mat hirem DNA-Ierfmaterial een Hallefbrudder fonnt, vum biologesche Papp senger Säit.
Dës Famill wollt näischt mat hir ze dinn hunn, dofir huet si dunn een offiziellen DNA-Paternitéits-Test gefuerdert an ass viru Geriicht gaangen, wéi dëse positiv war. Si wëll elo och d’Identitéit vun hirer biologescher Mamm erausfannen.
Dës Affär gouf vill an de südkoreanesche Medien thematiséiert. Zënter de 50er Jore goufen op d’Mannst ronn 167.000 Kanner an d’Ausland adoptéiert. D’Gesetz gëtt der Privatsphär vun de biologeschen Eltere Prioritéit iwwer d’Rechter vun de Kanner. Adoptiouns-Affäre ginn dacks stigmatiséiert a geheim gehalen.