
Dem nationalen Institut fir Geophysik a Vulkanologie (INGV) no hat d’Äerdbiewen eng Stäerkt vu 5. Den Epizenter louch deemno an der klenger Gemeng Pietrapaola am Hannerland. D’Beweegunge wieren an enger Déift vu ronn 20 Kilometer gewiescht.
D’Biewe war awer och a gréissere Stied um Mëttelmier wéi Bari a Brindisi ze spieren. Dat stäerkst Biewen wier dem Institut no géint 21.45 Auer gemooss ginn. Iwwer Blesséierter oder gréisser Schied ass de Pompjeeën an aneren Autoritéiten no nach näischt bekannt.
Am Süde vun Italien sinn am Moment wéinst der Summer-Haaptsaison vill Touristen.