
En Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu sechs op der Richterskala war e Méindeg op de Philippinnen ze spieren. Éischte Berichter no wier d'Insel Samar betraff, wou d'Biewe kuerz no 14 Auer Lokalzäit gemooss gouf.
Bis ewell ginn et nach keng Berichter vun Zerstéierung oder Blesséierten.
Wéi US-Autoritéite mellen, wier d'Biewen an enger Déift vun 73,3 Kilometer gewiescht, ongeféier 9 Kilometer ewech vun der Stad San Julian.