
Bei Weiler zum Tour war e Samschdeg den Owend géint 19 Auer en Auto gemellt ginn, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war a scho puermol den Trottoir ze pake kritt hat. Zu Duelem war dunn e Rad, dat lass war, op eng Patrull duer gerullt komm, déi net méi auswäiche konnt. D'Beamten haten doropshin d'Kéier gemaach, fir den Autoen nozefueren, déi hinnen entgéint komm waren. Dorënner war de schëllege Chauffer, deen awer net reagéiere wollt an huet mussen ausgebremst ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Permis fort.
An der Nuecht op e Sonndeg war der Police vun Esch-Uelzecht eng Camionnette gemellt ginn, déi beschiedegt um Boulevard Charles de Gaulle géing stoen. Mat Téitschen op der Chaufferssäit, engem Platten an enger futtisser Felg konnt de Chauffer do ugetraff ginn. Hie war alkoholiséiert a säi Fürerschäin dono lass.
No 2 Auer koum et um Lampertsbierg an der Stad zu engem Accident, an deen zwee Gefierer vun der Police verwéckelt gi waren. D'Beamten hate grad virun engem Lokal e Sträit opgeléist, wéi e Liwwerwon gefuer koum, deen, trotz ageschalte bloe Luuchten, e Policeauto ze pake krut, deen du widder deen anere geschleidert gouf. Blesséiert gouf keen, mee de Chauffer hat ze vill gedronk a säi Permis duerno dierfen ofginn.
Wéineg méi spéit war de Polizisten dunn nach an der Rue des Glacis en Auto opgefall, deen a Schlaangelinnen ënnerwee an ëmmer rëm an de Géigeverkéier gerode war. Nodeems de Chauffer gestoppt war, war och hie seng Fuererlabnis lass wéinst ze vill Alkohol.
An der Nuecht op e Samschdeg war dann nach zu Schieren an der Steeëner Strooss enger Patrull en Auto opgefall, dee mat lafendem Motor op der Säit stoung. De Chauffer souz hannert dem Steierrad ze schlofen. Nodeems d'Polizisten de Mann waakreg kritt haten, gouf festgestallt, dass och hien ze vill gedronk hat a säi Fürerschäin huet mussen ofginn.