
D’Personal huet protestéiert, wéinst Arrêtéë vun der Regierung, déi d’Requisitioun vu Fleegepersonal erméiglecht. Donieft fuerdert d’belscht Fleegepersonal zanter Méint, eng Revaloriséierung vun hire Beruffer.
D’belsch Premierministesch huet no der Visitt vum Spidol op RTBF deklaréiert, et géing keen d’Nout vum Personal am Gesondheetssecteur ignoréieren. D’Sophie Wilmès huet garantéiert, datt no der Kris de Beruff vum Infirmier sécher wäert opgewäert ginn.
