Déi schweedesch Aktivistin Greta Thunberg ass vun der Londoner Police bei enger Demonstratioun fir d’Ënnerstëtzung vu Membere vu “Palestine Action” festgeholl ginn. Dat huet e weidere pro-palästinensesche Grupp, “Prisoners for Palestine”, en Dënschdeg matgedeelt.
Op engem Video vun der Festnam ass ze gesinn, wéi d’Greta Thunberg e Schëld mat der Opschrëft “Ech ënnerstëtzen déi Inhaftéiert vu Palestine Action. Ech leene Vëlkermord of.” D’Organisatioun “Palestine Action” ass a Groussbritannien am Juli dëst Joer als terroristesch agestuuft a verbuede ginn, dat wéinst enger Rei Aktioune wéi enger Faarfattack op e Stëtzpunkt vun der brittescher Loftwaff. Den Ament sinn aacht Membere vum Aktivistegrupp inhaftéiert, e puer vun hinne sinn am Hongerstreik.
Wéi d’Police matdeelt, ass eng 22 Joer al Fra festgeholl ginn, den Numm vun der Greta Thunberg ass allerdéngs net genannt ginn. Och mellt een d’Festnam vun zwee weideren Aktivisten, déi mat Hummeren a rouder Faarf e Gebai am Londoner Finanzquartier beschiedegt haten. Dës Aktioun hate “Prisoners for Palestine” fir sech revendiquéiert. Et hätt een d’Assurance “Aspen Insurance” viséiert well dës mat enger Duechterentreprise vun der israeelescher Rëschtungsfirma Elbit zesummegschafft huet.
D’UNO ma och Mënscherechtsorganisatioune wéi Amnesty International haten d’Verbuet vu Palestine Action kritiséiert an als Menace fir d’Meenungsfräiheet kritiséiert. Insgesamt sinn an Zesummenhang mam Verbuet vun der Organisatioun bis ewell eng 2.300 Persounen a Groussbritannien festgeholl ginn.