
Weltwäit goufe bis ewell 18,5 Milliounen Infektioune gemellt, 10,9 Milliounen dovu sinn nees geheelt. Zanter Enn Mee huet sech d’Zuel vu Corona-Doudege verduebelt. Am Schnëtt stierft all 15 Sekonnen en Infizéierten, ongeféier 5.900 Mënschen den Dag.
Déi meeschten Doudesfäll goufen an den USA gezielt. Knapp 157.000 Leit hunn d’Infektioun net iwwerlieft, a Brasilien sinn et der ronn 96.000 an a Mexiko 49.000. Mëttlerweil ass d’Zuel a Latäinamerika esou geklommen, dass et an där Regioun méi Covid-19-Doudeger gi wéi an Europa. De Bilan läit a Latäinamerika bei 206.000 Doudegen. Och a Kolumbien, Peru, Argentinien a Bolivien verbreet sech de Virus ëmmer méi séier.
Zanter dem Ufank vun der Pandemie am Mäerz sinn a Südafrika ronn 24.000 Membere vum Santé-Personal mam Coronavirus infizéiert ginn. Dat wieren ongeféier 5% vun allen Infizéierten am ganze Land. 181 sinn un de Suitten dovu gestuerwen. Dat huet de Gesondheetsminister Zweli Mkwize matgedeelt.
Vill Entreprisë kréien d’wirtschaftlech Konsequenze vun der Corona-Kris däitlech ze spieren. Virgin Australia muss d’Bëlleg-Airline Tigerair Australia opginn an een Drëttel vum Personal verléiert seng Aarbechtsplaz, wat am Ganzen 3.000 Persoune sinn. Um Fluchhafen zu Kopenhagen musse sech 650 Leit eng nei Aarbecht sichen, wat ee Véierel vum Personal ass, dat entlooss gëtt.
Pubs a Restaurante ginn zu Aberdeen a Schottland deels zou an et ginn nei Limitatiounen an den Deplacementer fir d’Awunner, dat nodeems e Cluster vu 54 Fäll detektéiert gouf - d’Zuel vu Persounen, déi an deem Kontext insgesamt am Coup sinn, hätt een nom Tracing op 191 beziffert. Elo fäerten déi schottesch Verantwortlech, datt dës lokal Hausse un Neiinfektiounen zu enger genereller Hausse zu Aberdeen vum Covid-19 féiere kéint. An der Press gëtt d’Premierministesch Sturgeon esou zitéiert, datt elo den Ament wier, fir entscheedend Schutzmesuren ze huelen, ier et ze spéit ass an d’Zuel vu Infektiounen dem Land “richteg wéidoe wäert”. Den 12. August gëtt d’Lag dann nach emol nei evaluéiert.
Zu Amsterdam am Routliicht-Milieu, an den Akafsvéierel zu Rotterdam an och a beléifte Staddeeler zu Toulouse ass e Mëttwoch d’Maskeflicht dobaussen a Kraaft getrueden.
Och zu Paräis op staark besichte Plazen, wéi zum Beispill nieft der Seine, zu Nice, zu Lille an an Deeler vu Spuenien muss een e Mond- an Nueseschutz am Fräien unhunn.