Datt Grenzkontrolle lues a lues ewechfalen, begréisst och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. An engem Communiqué heescht et, datt dës Entscheedung net nëmmen eng Erliichterung fir d’Mënschen an der Regioun ass, mä och e wichtegt Signal a Richtung Schengener Ofkommen. Änlech gesäit dat de Günther Schartz, Landrat fir de Krees Trier-Saarburg, dee sech schonn um Europadag den 9. Mee fir en Opmaache vun de Grenzen agesat hat.
Well d’Entwécklung zu Lëtzebuerg esou positiv ass, wäerten d’Grenzen hei schonn nom 15. Mee opgoen, esou den Horst Seehofer.
“Zuerst Luxemburg, da werden wir die Binnengrenzkontrollen mit Ablauf des 15. Mai beenden. Das erlaubt die Gesamtlage und auch die Erfahrung der Bundespolizei in den letzten Wochen. Also mit Luxemburg keine Verlängerung der Grenzkontrollen, sondern auslaufen am 15. Mai.”
Den däitschen Inneminister Seehofer huet e Mëttwoch den Owend op der däitscher Télé ënnerstrach, datt d’Grenzen awer och nees kënnen zougemaach ginn, wann d’Infektiounen nees staark klammen.
Dat heescht, dass d’Lëtzebuerger Staatsbierger en Ausfluch an Däitschland maachen dierfen. Dat huet d’Staatskanzlei vu Rheinland-Pfalz RTL géintiwwer confirméiert. Lëtzebuerger musse sech dann - d’selwecht ewéi déi däitsch Bierger – un déi sanitär Moossnamen halen, déi an de respektive Bundeslänner gëllen. D’Bundespolizei-Inspektioun vun Tréier huet och confirméiert, dass si sech no der Annonce vum Innenminister Seehofer elo nees ëmorganiséieren, fir vun e Samschdeg un nees normal Persounekontrollen ze maachen.
Och den Buergermeeschter vun Tréier Wolfram Leibe huet sech am RTL-Interview ganz frou gewisen, dass de Grenzverkéier tëscht Lëtzebuerg an Däitschland vun e Samschdeg un nees onageschränkt méiglech ass.
Am Bundesland Rheinland-Pfalz sinn d’Restauranten zanter e Mëttwoch nees op. Allerdéngs gëllen do streng Reegelen. An engem Grupp Kolleegen däerf een zum Beispill net an e Restaurant oder e Café, betount den Wolfram Leibe. Famillje sinn erlaabt. De Mask a Social Distancing si Flicht.
Och mat Dänemark kéint een esou eng Léisung fannen, dofir missten d’Dänen awer als éischt alles mat hiren aneren Nopere gekläert hunn.
Mat den aneren Nopeschlänner, dorënner Frankräich, Éisträich an d’Schwäiz, huet ee sech op de 15. Juni gëeenegt, virausgesat, datt hei d’Zuele vun de Covid-Nei-Infektioune weider esou positiv bleiwen. Polen, Tschechien, Holland an d’Belsch si vun dëser Mesure net betraff, well et mat hinne keng Kontrolle gouf an hir Grenze mat Däitschland net zou waren.
Fir d’Opmaachen respektiv d’Opbleiwe vun de Grenze wäert Däitschland sech no hirem Quota vu 50 Neiinfektiounen d’Woch pro 100.000 Awunner orientéieren. Sollt dat vun den Nopeschlänner awer nees iwwerschratt ginn, kéinten nees méi streng Kontrollen agefouert ginn. Déi däitsch Regierung huet donieft awer och annoncéiert, datt een ëmmer nach stéchproufaarteg Kontrolle kéint a wäert maachen.
Et bleift awer dobäi: och wann déi däitsch Grenzen nees opginn, gëlle bei den däitschen Noperen, grad wéi och hei am Land, Bestëmmunge vu Quarantän, dës missten och weiderhin respektéiert ginn.
De President Emile Eicher seet och jidderengem Merci, deen dozou bäigedroen huet, datt d’Fermeturë vun de Grenzen no schwierege Wochen erëm réckgängeg gemaach ginn.