
D’Regierung huet e Freideg den Owend eng landeswäit Ausgangsspär an den Asaz vun der Arméi annoncéiert. An der Haaptstad Dhaka huet d’Police e Verbuet vu politesche Riede verhaangen an den Internet gespaart. An der Haaptstad soll dann och mat schaarfer Munitioun op d’Manifestanten geschoss gi sinn, mellt d’AFP.
Den héije Kommissär fir d’Mënscherechter bei der UNO, de Volker Türk, huet d’Attacke géint d’Studenten am Bangladesch e Freideg schaarf verurteelt. Dës wiere besonnesch schockéierend an inakzeptabel. Hien huet onofhängeg, séier an exhaustiv Enquête gefuerdert.
D’Studenten am Bangladesch ginn zanter Wochen op d’Strooss géint e Quotesystem vun der Regierung. Dëse gesäit vir, datt méi wéi d’Hallschent vun de gutt bezuelte Plazen am ëffentlechen Déngscht fir bestëmmte Populatiounsgruppe reservéiert sinn. Dat géing Kritiker no d’Supporter vun der Regierung vun der autokratescher Premierministesch Sheikh Hasina privilegéieren. D’Premierministesch huet e Samschdeg wéinst de Protester hir Deplacementer an d’Ausland ofgesot. Am Zentrum vum Land gouf der Police no e Prisong gestiermt a Prisonéier fräi gelooss.