
Dat sot de President Patrice Talon an enger Televisiounsusprooch e Sonndeg den Owend. 14 Militär wiere festgeholl ginn. Membere vun der Arméi haten effektiv e Sonndeg de Moien zäitweis déi staatlech Tëlee a Radiostatioune besat a via dës annoncéiert, dass d’Regierung sech géif opléisen. D’Afrikanesch Unioun huet de Putschversuch scho schaarf verurteelt a wäert Truppen an d’Land schécken, fir d’Situatioun ze observéieren.