Streik op der BunnAm däitschen Zuchtrafic kéint et dës Woch zu Problemer kommen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch um 2 Auer soll de Streik vun der Gewerkschaft GDL ufänken a bis de Freideg um 18 Auer daueren.

D’Passagéier musse sech op massiv Restriktiounen, virun allem bei méi wäite Reesen astellen.

Grond fir de Streik vun de Maschinisten ass e Sträit ronderëm d’Salairen. Déi Däitsch Bunn huet awer en “Eilverfare” beim Aarbechtsgeriicht zu Frankfurt ugefrot, fir de Streik ze kippen. E Resultat vum Geriicht gëtt e Méindeg am Laf vum Owend erwaart.

Back to Top
CIM LOGO