Wéinst Attentater verurteeltAm Iran goufen op en Neits zwou Persounen higeriicht

RTL Lëtzebuerg
Déi zwee Männer krute virgeworf, am Optrag vun de Volleksmudschaheddin-Attentater am Iran geplangt an duerchgefouert ze hunn.
Protester géint Koran-Verbrennungen zu Bagdad.
Protester géint Koran-Verbrennungen zu Bagdad.
© © AFP/Murtaja LATEEF

Am Iran goufen dann op en Neits zwou Persounen higeriicht. Déi Beschëllegt haten d’Virwërf vun den Attentatsvirwërf zeréckgewisen. Mënscherechtsgruppe kritiséieren, datt Géigner vum Mullah-Regime reegelméisseg déi selwecht Reprochë gemaach kréien an dacks gefoltert ginn.

Dëst Joer sollen am Iran schonn eng 160 Leit higeriicht gi sinn. Déi iranesch Justiz hat dës Woch annoncéiert, datt an Zukunft op méi Delikter wéi bis elo d’Doudesstrof stoe soll.

Back to Top
CIM LOGO