FrankräichAm Juli nees 5.000 Spectateuren a Sport-Stadien erlaabt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg ass a Frankräich eng nei Phas vum Deconfinememnt annoncéiert ginn. Ënner anerem dierfen Campingen a Kinoen nees opmaachen.

All d’Schoulen, mat Ausnam vun de Lycéeën, sinn zanter e Méindeg nees op. Hei gëllt awer fir déi Elteren, déi hir Kanner net wëllen nach déi lescht 2 Wochen an d’Schoul schécken, keng Flicht. Normalerweis muss ee bei engem Verstouss géint d’Schoulflicht mat engem Protokoll vu 750 Euro rechnen.

Och d’Touriste sinn nees wëllkomm. Den Eiffeltuerm ass vun e Mëttwoch un nees accessibel. E Freideg geet donieft de Paräisser Fluchhafen Orly nees op, d’Areesen a Frankräich ass jo fir EU-Bierger schonn zanter enger Woch nees méiglech. Och d’Metro mécht no iwwer 3 Méint Fermeture nees hir Dieren op.

Wéi d’Regierung zu Paräis och nach annoncéiert huet, sinn zanter dem 11. Juli un nees maximal 5.000 Spectateuren op Sport-Evenementer, respektiv a Stadien, zougelooss. Mëtt Juli sollen donieft weider Decisiounen annoncéiert ginn.

De President Emmanuel Macron huet mat den neie Labberunge vun enger éischter Victoire géint de Coronavirus geschwat. A Frankräich sinn iwwer 29.600 Mënschen un de Suitte vum Copvid-109 gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO