TexasAmerikaner keeft sech Lamborghini a Rolex mat Corona-Subsiden

RTL Lëtzebuerg
En 29 Joer ale Mann aus Texas muss sech elo wéinst Bedruch veräntwerten. Hien huet sech mat de finanziellen Hëllefe vum Staat ë.a. e Luxusauto kaf.

En Dënschdeg gouf de Mann festgeholl, deelt den amerikanesche Justizministère mat. Wéi et heescht, hätt sech den Texaner am Kader vum staatleche Corona-Hëllefsprogramm 2 Kreditter ugefrot, fir seng Mataarbechter kënnen ze bezuelen.

Ganz der Wourecht soll dëst awer net entsprach hunn. Ronn 1,6 Milliounen Dollar (1,35 Milliounen Euro) soll hien ausginn hunn, fir sech Luxus-Artikelen ze gënnen. Dorënner e Lamborghini fir 200.000 Dollar, Immobilien an eng Rolex-Auer. Donieft soll hien nach dausenden Dollar a Houston a Bordellen op den Dësch geluecht hunn.

Back to Top
CIM LOGO