
Dat geet aus den Zuelen vun der Johns Hopkins Universitéit vu Baltimore ervir, déi di Zuelen schonn zanter Méint all Dag op en neits sammelt a publizéiert.
Ronn d’Hallschent vun de confirméierten Infektiounen gouf et a grad emol 3 Länner: nämlech an den USA mat méi wéi 5 Millioune Fäll a Brasilien mat iwwer 3 Milliounen an an Indien mat méi wéi 2 Milliounen Infektiounen.
Dernieft breet sech de Virus och a Russland, Südafrika, Mexiko, a generell a Südamerika weider séier aus.
Méi wéi 730.000 Leit si weltwäit gesinn, mëttlerweil un de Suitten vun enger Covid-Infektioun gestuerwen.