Fändelen op HallefmastAn Australien gouf e Sonndeg un d'Affer vu Bondi Beach geduecht

AFP, iwwersat vun RTL
An Australien gouf e Sonndeg de 15 Doudesaffer geduecht, déi bei der Terror-Attack um berüümte Bondi Beach bei Sydney virun enger Woch ëm d’Liewe komm sinn.
© SAEED KHAN/AFP

Zwee Attentäter hate jo op d’Mënschemass geschoss, déi beienee komm waren, fir dat jüddescht Fest Hanukkah ze feieren. Dosende Mënsche goufen zudeem deels schwéier blesséiert. Déi australesch Autoritéiten hunn d’Dot beim Bondi Beach als antisemittesch Dot aklasséiert.

Fir 18:47 Auer Lokalzäit, also 10:47 Auer eiser Zäit, ass d’Bevëlkerung opgeruff ginn, eng Käerz fir d’Affer unzefänken an eng Gedenkminutt ofzehalen. Landeswäit wäerten och d’Fändelen op Hallefmast gesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO