Am Januar geet et lassAn Däitschland kréie Männer a Frae vum Joergang 2008 e Schreiwes fir d'Musterung

RTL Lëtzebuerg
Nodeems och de Bundesrat gréngt Luucht ginn huet fir d'Reform bei der Musterung, gëtt et am Januar eescht fir déi däitsch Jugend.
© AFP

De Bundesrot huet d’Pläng vum Verdeedegungsminister Boris Pistorius guttgeheescht, fir eng obligatoresch Musterung fir Männer anzeféieren. D’Zil ass, d’Bundeswehr personell ze verstäerken. D’Decisioun fir tatsächlech an den Déngscht ze goen, bleift fräiwëlleg – ausser d’Personalziler ginn net erreecht, da kéint eng Flicht kommen.

Vum 1. Januar u kréien all 18 Joer al Männer a Fraen an Däitschland e Froebou zougeschéckt. Männer mussen en ausfëllen an och bei der Musterung matmaachen, bei Frae bleift et fräiwëlleg. Et gëtt mam Joergang 2008 ugefaangen. Den Online-Froebou soll net méi wéi 15 Minutten daueren. Wann een als Mann refuséiert de Froebou auszefëllen, riskéiert een eng Geldstrof.

Et solle ronn 650.000 Persoune vun engem Joergang ugeschriwwe ginn. Pro Mount wieren dat dann ongeféier 54.000 Persounen, huet de Verdeedegungsministère zu Berlin matgedeelt. D’Schreiwes geet via Post eraus an et kritt een dann ee QR-Code, wouriwwer een dann op den Online-Formular kënnt. Hei kritt een da Froe gestallt, ënnert anerem iwwert de Gesondheetszoustand, d’Motivatioun, Diplomer, Fürerschäin a kierperlech Fitness.

Bundeswehr.de - Neuer Wehrdienst

Hannergrond sinn nei NATO-Fuerderungen: Däitschland soll bis 2035 am Krisefall 460.000 Zaldote bereetstellen. De Boris Pistorius wëll d’Bundeswehr vun aktuell 184.000 op 255.000 bis 270.000 aktiv Zaldoten erhéijen. Et géifen dann och nach 200.000 Reserviste gebraucht ginn.

An der Politik gëtt et Kritik ënnert anerem vun Die Linke. Si warne virun enger “Wehrpflicht duerch d’Hannerdier”.

Den CSU-Chef Markus Söder huet sech iwwerdeems dofir ausgeschwat, dass “Wehrpflichtige” op kee Fall dierften an d’Ukrain geschéckt ginn, falls et e Bundeswehr-Asaz am Kader vun enger Friddensmissioun géif ginn. Hie géif ëmmer nees vun Elteren ugeschwat ginn, déi sech fir d’Wehrpflicht géifen ausschwätzen, awer nëmme wann hir Bouwen net an d’Ukrain géife geschéckt ginn.

Däitschland: Och Bundesrat huet Reform vum Militärdéngscht accordéiert.
D’Reform gesäit eng verflichtend Musterung vu jonke Männer vir.

Back to Top
CIM LOGO