
En Donneschdeg de Moien hu sech d’EU-Memberstaaten an d’Ënnerhändler vum Europaparlament op EU-wäit Virschrëfte géint Blanchiment gëeenegt. D’Virschrëfte sollen d’Lacunnen an den nationale Gesetzer stoppen. Deemno musse Verkeefer vu Luxuswueren donieft och d’Identitéit vun hire Clienten iwwerpréiwen a verdächteg Geschäfter den Autoritéite mellen.
Virun allem sollen déi méi streng Reegele fir Bijouen, Luxusautoen, Privatfligeren a Schëffer gëllen. Vun 2029 u sollen och finanziell staark Futtballveräiner wéi den FC Bayern München ënnert dat neit Gesetz falen. Grad de Profi-Futtball mat Investissementer a Milliardenhéicht gëllt als Schwaachpunkt fir Blanchiment an Europa.
Och Krypto-Wärungen a Bankgeschäfter vu räiche Leit mat engem Verméige vun op d’mannst 50 Milliounen Euro wäerten an Zukunft méi streng kontrolléiert ginn. Doriwwer eraus musse Proprietäre vun Entreprisë mat Parte vun op d’mannst engem Véierel mussen an der EU registréiert ginn. Esou soll ënnert anerem verhënnert ginn, datt russesch Oligarchen EU-Sanktiounen ëmgoe kënnen.
Fir de Chef vun der Verhandlung am Europaparlament, den Eero Heinäluoma, si méi streng Anti-Blanchiment-Reegele scho “laang iwwerfälleg”. “Bis ewell verléieren d’Memberstaate Milliarde vun Euroen”, huet de finnesche Sozialdemokrat erkläert.
Aner Deputéiert vun der EU gesinn déi nei Virschrëften deels kritesch. Virun allem un der Uewergrenz fir Cash-Paiementer gëtt gezweiwelt. “Et sollt een de Kampf géint Geldwäsch net mam Kampf géint Boergeld verwiesselen”, huet den däitschen Deputéierte Markus Ferber betount.
D’Europaparlament an d’Memberstaate mussen dem Gesetz elo just nach formal zoustëmmen. D’Kontroll vun den neie Virschrëfte soll vun den nationalen Autoritéiten iwwerholl a vun der neier Anti-Blanchiment-Autoritéit (Anti Money Laundering Authority - Amla) koordinéiert ginn. Wou de Sëtz vun der Amla wäert sinn, soll nach dëst Joer decidéiert ginn.