IstanbulAn der Hagia Sophia ass fir déi éischte Kéier nees e moslemescht Freides-Gebiet

RTL Lëtzebuerg
De weltberühmte Bau zu Istanbul gouf jo viru kuerzem nees zur Moschee ëmgewandelt, wat deels schaarf kritiséiert gouf.

Beim Gebiet dëse Freideg ass och den tierkesche President Erdogan present.

Eng 1.500 Gleeweg gi sech erwaart. D’Autoritéite maachen den Appell Schutzmasken un ze hunn an Distanz ze halen.
Iwwer 20.000 Polizisten sinn am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO