No Tëschefall mat russesche FluchkierperNATO wëll Opklärungsfliger a Polen stationéieren

RTL mat AFP
Déi rezent Tëschefäll mat russesche Marschfluchkierper a Polen wäerten dozou féieren, datt Awacs-Fligere dohinner stationéiert ginn.
Am September 2025 huet en Awacs-Fliger Tester zu Lëtzebuerg gemaach.

D'NATO wäert Polen en Awacs-Opklärungsfliger zu Verfügung stellen. Dat sot de stellvertriedende polnesche Verdeedegungsminister Pawel Zalewski e Méindeg no engem NATO-Treffen zu Bréissel, bei deem hie wéinst den Tëschefäll mat russesche Dronen a Rakéiten Hëllef vun der Allianz duerch eng Verstäerkung vun der Loftdefense gefrot huet. En Spriecherin vun der NATO huet de Schratt op X confirméiert. Am Südoste vu Polen waren e Freideg polneschen Aussoen no dräi russesch Marschfluchkierper ageschloen.

Weider huet de Zalewski annoncéiert, datt bei engem Treffe vun den NATO-Ausseminister an der nächster Woch iwwer nei polnesch Proposen, wéi een d'Defense verstäerke kéint, berode soll ginn.

De polnesche Ministerpresident Donald Tusk huet wéinst dem Aschloe vun den dräi russesche Marschfluchkierper vum Typ CH-101, bei deem et keng Blesséiert gouf, e Freideg vun enger "russescher Provokatioun" geschwat. Hien huet dobäi op e Militärmanöver vun den Alliéierte vun der Ukrain an der betraffener Regioun geschwat. Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte huet bei engem Besuch e Samschdeg zougeséchert, datt d'Allianz "all Zentimeter vum polneschen Territoire" verdeedege wäert.

Awacs-Fligere gi fir d'Iwwerwaache vum Loftraum genotzt. De Warn- an Iwwerwaachungssystem aus der Loft - op Englesch Airborne Warning an Control System - déngt der Fréierkennung vu Fligeren, Helikopter a Rakéiten.

Back to Top
CIM LOGO