
Déi meescht wäit Verbindunge vun der Deutschen Bahn gi weiderhin net befuer a wäerten eréischt e Sonndeg nees disponibel sinn. Besonnesch ronderëm Hannover a Schleswig-Holstein ginn et déi meescht Probleemer duerch de ville Schnéi, deen op de Schinne leie bleift. Et misst ee sougenannten Opraum- an Exploratiounsfaarte maachen. Vill Weiche wieren agefruer a blockéiert.
Zanter e Freidegnomëtteg fueren am Norde quasi keng ICE-Zich méi. Den Zuchverkéier wéi gehofft schrëttweis nees opzehuelen, war nach net méiglech. Just d’Verbindung vun Hamburg iwwer Bremen op Osnabrück an Nordrhein-Westfalen a Frankfurt konnten e Samschdeg de Mëtteg gefuer ginn, aner wäit Strecke musse bis e Sonndeg waarden.
Donieft waren awer och sëllege Regionalzich betraff, besonnesch an Niedersachsen a Schleswig-Holtstein. Et ass och weiderhin op ville Plaze mat Retarden an Ausfäll ze rechnen.