ÉisträichAn Tirol kann ee geschwënn nees Schi fueren

RTL Lëtzebuerg
Enn Mee maachen zwee Gletscher-Schigebidder nees op: den Hintertuxer Gletscher an de Kaunertaler Gletscher.

Hintertux ass dat eenzegt Schigebitt an Éisträich, dat d’ganzt Joer iwwer op ass. Enn Mee kann een nees do Ski fueren. Aktuell ginn et 3,4 Meter Schnéi. De Kaunertaler Gletscher soll och den 29. Mee fir 10 Deeg opgoen. Och hei leien nach iwwer 3 Meter Schnéi.

Och d’Hotellen däerfen an Éisträich, mat Aschränkungen, nees opmaachen.

Mëtt Mäerz haten d’Schilifter an Éisträich missen zouspären.

Back to Top
CIM LOGO