Eng Woch nom schwéieren ZuchongléckAndalusien gedenkt de 45 Affer

Claude Zeimetz
Nodeems bei der Kollisioun vun zwee Zich 45 Persoune gestuerwe waren, sinn an den nächsten Deeg zwou Trauerfeiere geplangt.
D'Onglécksplaz am Süde vu Spuenien
D’Onglécksplaz am Süde vu Spuenien
© CRISTINA QUICLER/AFP

Eng Woch nom schwéieren Zuchaccident a Spuenien gëtt e Sonndeg den Owend an Andalusien un déi 45 Doudesaffer geduecht. Um 19.30 Auer ass eng Gedenkzeremonie an der Hafestad Huelva geplangt. Do wou ee vun de bedeelegten Zich sollt ukommen.

Nächste Samschdeg wäert do, a Präsenz vun ënnert anerem dem Premier Pedro Sanchez, och nach eng staatlech Trauerzeremonie organiséiert gi fir de ville Leit ze gedenken, déi an den accidentéierten Zich hiert Liewe gelooss hunn.

Éischt Elementer vun der Enquête loossen drop schléissen, datt ee vun den Zich entgleist ass, well d’Schinnen op enger Plaz gebrach waren.

Back to Top
CIM LOGO