
Dës Fro wäert sech nach esou laang stellen, bis et e Covid-19-Vaccin gëtt. Vill Persoune setze jo grouss Hoffnung an d’Antikierper an d’Antikierpertester. Eng nei Etüd vu chinesesche Fuerscher, déi an der Fachzeitung Nature Medecine verëffentlecht gouf, kënnt awer elo zur Konklusioun, datt de Kierper wuel net sou laang Antikierper mécht.
Virun allem bei deene Leit, déi eng Corona-Infektioun ouni Symptomer haten. Dem Immunsystem vun asymptomesche Persoune géif manner staark op de Virus reagéiere wéi bei Mënsche mat Symptomer. No 3 Méint war de sougenannten Antikierperspigel bei 40% vun de Leit, déi asymptomatesch waren, scho sou déif gefall, datt en net méi nozeweise war.
Am Verglach zu 13% bei symptomatesche Persounen. Dës Wäerter géifen nach emol däitlech maachen, datt e sougenannten “Immunitéitspass” kee Sënn mécht. Heescht dat elo automatesch, datt Persounen ouni nogewisen Antikierper net immun sinn? Net onbedéngt. Et gëtt och nach keng geséchert Informatiounen, wéi vill Antikierper ee muss hunn, fir sech virun enger neier Infektioun ze schützen.
