
De Gesondheetsministère an déi national Statistikautoritéit wëllen zesumme mam nationale Roude Kräiz Blutttester vu Mënschen aus iwwer 2.000 Dierfer maachen. Dat huet de Ministère zu Roum matgedeelt.
Déi representativ ausgewielte Participantë goufen iwwer Telefon ëm hir Mathëllef gebueden. D’Participatioun ass awer fräiwëlleg an d’Date gi vun de Fuerscher anonymiséiert.
Mat esou enger Etüd léisst sech erausfannen, ob Persoune scho mam Coronavirus infizéiert waren a sech dogéint Antikierper am Blutt gebilt hunn. Domadder kann de Kontakt mam Virus och bei Mënschen nogewise ginn, déi kaum Symptomer vun der Covid-19-Krankheet haten.
Informatioune vun den italienesche Virologen no gëtt et bis ewell keen Hiwäis drop, datt et éischt Corona-Fäll an Italien schonn am Dezember gouf.
