Muss a Syrien bleiwenAppell, fir brittesch Staatsbiergerschaft erëmzekréien, gouf refuséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Shamima Begum huet nach d'Méiglechkeet virum Supreme Court géint d'Decisioun, hir d'Nationalitéit z'entzéie virzegoen.
© LAURA LEAN POOLAFP

Eng jonk Fra, déi hir brittesch Staatsbiergerschaft ofgeholl krut, nodeems si mat 15 Joer d’Land verlooss huet fir dem Islamesche Staat bäizetrieden, huet hiren Appell verluer. D’Shamima Begum, haut 24, ass als Teenager zesumme mat 2 Schoulfrëndinnen géint de Wëlle vun hirer Famill a Syrien ausgereest an huet do e Member vum Islamesche Staat bestuet. Si krut 3 Kanner do, déi alleguer gestuerwe sinn.

2019 krut d’Shamima Begum hir brittesch Staatsbiergerschaft entzunn, nodeems si an engem Flüchtlingscamp am Norde vu Syrien fonnt ginn ass. D’Appellsgeriicht zu London huet d’Argumenter vun der Shamima Begum eestëmmeg zréckgewisen.

Den Inneminister hätt d’Recht gehat d’Decisioun ze huelen, datt si geféierlech wier, souguer wann et Beweiser ginn hätt, datt si Affer vu Mënschenhandel war. Si muss also a Syrien bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO