No Wiederen an ÉisträichArlberg-Pass bleift weider gespaart

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Äerdrutsch ass d'Strooss den Ament net fuerbar. Dobäi verbënnt den Arlberg-Pass den Tirol mat Vorarlberg.
© Johannes Chemelli/Facebook

Zu St. Anton an Éisträich koum et duerch massiv Wiederen zu engem Äerdrutsch. Dës weidere gouf d’Strooss ënnerschwemmt a Stécker vun der Strooss wéi och Autoe goufen deelweis einfach matgerappt.

D’Strooss ass schonn zënter e Freideg gespaart an och um Méindeg gëtt et nach keng Entwarnung. D’Pompjeeë sinn den Ament mat den Opraumaarbechten amgaangen. Net einfach fir d’Bewunner. Den Arlberg-Pass ass nämlech d’Haaptstrooss, déi Tirol mat Vorarlberg verbënnt. D’Deviatioun leeft iwwer Lechtal oder Bayern.

Back to Top
CIM LOGO