
No deeglaangen Affrontementer mat de kurdeschen Truppen an der syrescher Stad Aleppo huet déi syresch Arméi eegenen Aussoen no déi ganz Stad nees ënnert hir Kontroll bruecht. Reporter vun der Noriichtenagence AFP hunn awer och e Samschdeg de Moien nach Schëss an engem ëmkämpfte Quartier héieren.
Zanter en Dënschdeg hunn Truppen vun der syrescher Iwwergangsregierung a kurdesch Kämpfer zu Aleppo géigesäiteg op sech geschoss. Béid Säite gi sech géigesäiteg d’Schold un der neier Gewalt. Bis elo wieren iwwer 20 Leit gestuerwen. Informatiounen vun der UNO no wiere bis elo eng 30.000 Leit fortgelaf. An der Nuecht op e Freideg huet de syresche Verdeedegungsministère eng Wafferou annoncéiert. D’Kurde refuséieren awer bis elo d’Waffen néierzeleeën.
E Samschdeg de Moien huet d’Arméi iwwerdeem gemellt, datt e Sécherheetsasaz zu Scheich Maksud erfollegräich ofgeschloss gi wier. Kurdesch Kämpfer hunn dëst awer als “falsch an täuschend” zréckgewisen an hu gemellt, datt et weiderhi Stroossekämpf mat “Regierungsmilize” géing ginn. Si hunn den Truppe reprochéiert, Angscht am Quartier ze verbreeden.
D’Kämpf an der zweetgréisster Stad vum Land haten ugefaangen, nodeems Beméiunge vun der syrescher Iwwergangsregierung, d’Verwaltung vun de Kurden an hir Arméi z’integréieren, am Sand verlaf waren.