DüsseldorfArméierte 86 Joer ale Mann vu Spezialkommando festgeholl

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Düsseldorf koum et e Sonndeg zu engem Tëschefall, bei deem d'SEK huet misste geruff ginn.
© CHRISTOPH SOEDER/dpa Picture-Alliance via AFP (Archiv)

D’Spezialkommando huet zu Düsseldorf e 86 Joer ale Mann festgeholl, dee virdrun eng Fra menacéiert hat a sot, hie géif si oder aner Persounen ugräifen. Well d’Fra eng Schosswaff beim Senior gesi wëll hunn, huet si d’Police alarméiert.

Wéi d’Spezialunitéit du bei der Wunneng vum 86 Joer ale Mann ukomm an an dës agedrongen ass, konnten d’Polizisten zwee Loftgewierer feststellen. Bei Asaz gouf kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO