Nei Etüd zu Covid-19 beleetAsthmatiker gehéiere wahrscheinlech net zu der Risikogrupp

RTL Lëtzebuerg
Patienten, déi hiren Asthma mat Kortison-Sprayen fir anzeootme behandelen, hunn de Fuerscher no manner ACE2-Enzymer, also manner schlëmm Krankheetsverleef.

Relativ séier an och mat guddem Grond gouf am Ufank vun der Corona-Epidemie eng Lëscht mat Persounegruppen opgestallt, déi als vulnerabel gëllen. Dozou gehéiere jo niewent Persounen iwwer 65 Joer, Leit mat Häerzproblemer oder Diabetis och Leit, déi eng chronesch Otemweeerkrankung hunn. Also ënert anerem och Asthma-Patienten, där et der weltwäit tëscht 250 -350 Millioune gëtt. Ma eng nei Etüd weist awer lo, dass Asthmatiker héchstwarscheinlech keng Risikogrupp méi sinn an och ni waren.

Wisou Asthmatiker warscheinlech net nëmmen net zu der Risikogrupp gehéieren, mä och nach manner betraff sinn, wéi Persounen ouni Asthma, muss ee genee wëssen, wéi de Virus sech an eisen Organismus festsetzt: Stécht ee sech mam Corona-Virus un, kënnt dësen an de mënschleche Kreeslaf an dockt sech un engem ganz bestëmmten Enzym am Kierper un, de sougenannten ACE2-Enzym. Iwwert dëse Wee kënnt dann d’Ierfsubstanz vum Virus an eisen Organismus an d’Krankheet ka sech ausbreeden am Kierper. Wat manner Viren e Kierper ugräifen, wat d’Krankheet méi ongeféierlech verleeft. A genee dës ACE2-Rezeptore schéngen Asthmatiker der vill manner ze hunn.

Dat huet op alle Fall elo e Fuerschungsteam op der University of California erausfonnt a d’Resultater am ATS Journal publizéiert. Hei gouf e grousse Grupp un Asthmatiker getest. Patienten, déi hiren Asthma mat Kortison-Sprayen fir anzeootme behandelen, hunn de Fuerscher no manner ACE2-Enzymer. Héich war d’Unzuel un dësen Enzymer awer reng statistesch bei Männer, Persounen déi aus Afrika kommen, sou wéi Persounen déi Diabetis oder Blutthéichdrock hunn. A genee dës Leit weise jo dacks méi schwéier Krankheetsbiller, wa se Covid-19 kréien.

D’Etüden weisen awer drop hin, dass dëst op alle Fall e schlëmme Verlaf vun der Covid-19-Erkrankung verhënner kéint. Dobäi kënnt iwwregens och, dass reng statistesch, Asthmatiker, déi positiv op de Virus getest goufen, ganz seelen am Spidol musse behandelt ginn. Dat weise souwuel Studien aus China, wéi och aus Europa. Iwwregens ass dëst änlech mat de Fëmmerten, och déi misste statistesch gesi vill méi a Spideeler behandelt ginn, wat awer net de Fall ass. Hei gëtt elo getest, op de Nikotin, änlech wéi de Kortison-Spray, dës Enzymer reduzéiert.

E Grond fir sech elo Nikotinplooschteren oder Kortison-Spray ze besuerge gëtt et awer ganz kloer net, well hei natierlech nach mussen Tester gemaach ginn an d’Fuerschung hei weider Erkenntnisser emol muss kréien, eppes dat sech jo vum selwe versteet.

Back to Top
CIM LOGO