Corona-ImpfstoffAstraZeneca mécht mat den Tester weider

RTL Lëtzebuerg
D'Firma AstraZeneca fiert weider mat der Etüd vum Impfstoff, deen een zesumme mat der Uni Oxford entwéckelt huet, sou d'Firma um Samschdeg.
© AFP

De Pharmakonzern hat déi klinesch Etüd fir säi Corona-Impfstoff virun e puer Deeg gestoppt, nodeems bei engem Participant gesondheetlech Problemer opgetruede waren. Elo ginn d’Tester dann nees weider.

Den Impfstoff ass aktuell an der drëtter a leschter Studie-Phas. De Wierkstoff vun AstraZeneca AZD1222 berout op enger ofgeschwächter Versioun vun engem Erkältungsvirus vu Schimpansen a soll den Immunsystem nees op Trapp bréngen, fir datt dësen de Sars-CoV-2 am Fall vun enger Infektioun kann onschiedlech maachen.

Back to Top
CIM LOGO