
An enger spezieller Corona-Editioun vun der GDS, der weltwäit gréisster onofhängeger Drogenëmfro, wollte Fuerscher wëssen, ob méi oder manner Alkohol am Alldag gedronk gëtt, elo, wou keng Partye méi dierfe stattfannen?
Éischt Tëscheresultater iwwert den Alkoholkonsum leie scho vir. Dobäi goufen d’Äntwerte vu ronn 40.000 Leit ënnersicht, 64.400 Persounen aus 12 verschiddene Länner hu bis ewell matgemaach. Dorënner zum Beispill Däitschland, Frankräich, Holland, Neiséiland, Groussbritannien, Dänemark, Brasilien oder d’Schwäiz. Matmaache kann ee bis den 20. Juni 2020. D’Resultater vun dëser Ëmfro sinn allerdéngs net representativ, liwweren awer en interessanten Abléck an d’Liewensrealitéit vun dausende Leit.

Gëtt méi oder manner Alkohol consomméiert?
85,4 Prozent vun de Befroten hunn uginn, bannent de leschten 30 Deeg Alkohol gedronk ze hunn. Am Vergläich zu Februar koum eraus, dass 23,8 Prozent vun de Leit wärend dem Confinement méi consomméiert hunn, wéi virun der Corona-Zäit, bei 30,5 Prozent huet et kee groussen Ënnerscheed gemaach. Bei 13,5 Prozent ass de Konsum esouguer däitlech an d’Luucht gaangen. An Irland ass den Taux am meeschte geklomme mat 31,8 Prozent, op 2. Plaz Neiséiland mat 30,2 Prozent an op Plaz 3 Groussbritannien mat 35,1 Prozent. 16,2 Prozent hunn zouginn, méi wéi 5 alkoholesch Gedrénks an engem Dag zou sech ze huelen. 25,5 Prozent hunn uginn, dass de Konsum ofgeholl huet wärend der Quarantän.
Wéini gouf gedronk?
Nieft der Quantitéit un Alkohol gouf an der Etüd och eng Verhalensännerung a puncto Auerzäit festgestallt. Bal d’Hallschecht vun alle brittesche Participanten huet uginn, dass se scho fréi am Dag géingen ufänke mat Drénken, an Holland sinn et 43,7 Prozent. En Taux vun ëm 36-37 Prozent hunn Dänemark, Australien, Neiséiland an Irland.
Vun alle Befrote ware sech 42,6 Prozent eens, dass déi vill Fräizäit de Grond hannert der Hausse ass. 42 Prozent drénke wärend der Corona-Zäit, well hinne langweileg ass. Aner Grënn, déi heefeg genannt goufen, si Stress, online Drénk-Evenementer an de sozialen Netzwierker, Trauregkeet oder Einsamkeet. Manner gedronk gëtt, well ville Leit d’Drénk-Partner oder de richtege Kader feelt.