Protester op KretaAusernanersetzungen tëscht Baueren a Police, Flughäfen zou

Jeff Birsens
Op der griichescher Insel Kreta ass de Sträit tëscht de Baueren an der Police e Méindeg eskaléiert. Wéi op Videoen ze gesinn ass, si béid Säiten op de Stroosse mat Gewalt uneneegeroden.
Ausernanersetzungen tëscht Baueren a Police op Kreta eskaléieren, Flughäfen zou
Op der griichescher Insel Kreta ass de Sträit tëscht de Baueren an der Police e Méindeg eskaléiert

Et gouf mat Steng geheit a Knëppel sou wéi Tréinegas agesat. D’Bauere fuerderen d’Bezuele vun hirem Deel vun den EU-Subsiden, déi a leschter Zäit a Retard gerode sinn, sou wéi Mesurë géint déi héich Produktiounskäschten.

Duerch d’Protester si mëttlerweil déi zwee Haapt-Flughäfe vun der beléifter Touristendestinatioun, déi am Wanter allerdéngs net vill ugeflu gëtt, zougemaach ginn. Demonstranten haten Ofspärungen duerchgebrach a sech op der Landepist niddergelooss.

Back to Top
CIM LOGO