Dréchent an héich TemperaturenAusnamezoustand wéinst Bëschbränn an Australien

AFP, iwwersat vun RTL
Wéinst uerge Bëschbränn gouf am Südoste vun Australien den Ausnamezoustand ausgeruff. D'Bevëlkerung soll sech un d'Evakuéierungsopriff halen.
Wegen schwerer Buschbrände haben die Behörden im Südosten Australiens den Ausnahmezustand ausgerufen. Wichtigstes Ziel sei es, Menschenleben zu retten, erklärte die Regierungschefin des Bundesstaats Victoria, Jacinta Allan.
Schwéier Bëschbränn am Südoste vun Australien.
© Forest Fire Management Victoria/AFP

Wéinst uerge Bëschbränn hunn d’Autoritéiten am Südoste vun Australien den Ausnamezoustand ausgeruff. Dat wichtegst Zil wier et, Mënscheliewen ze retten, huet d’Bundesregierungscheffin vum Bundesstaat Victoria, d’Jacinta Allan, e Samschdeg erkläert. Si appelléiert un d’Bewunner, Evakuéierungsopriff nozegoen.

Bei Temperaturen iwwer 40 Grad Celsius a staarkem Wand waren am Bundesstaat an de leschten Deeg eng Parite Bëschbränn ausgebrach. Eleng an der Regioun Longwood, an där et vill Bëscher ginn, ware bal 150.000 Hektar Vegetatioun verbrannt. Dem Katastropheschutz no goufe bis ewell op d’mannst 130 Gebaier zerstéiert.

Aktuell géing et nach zéng grouss Bëschbränn ginn, sot de Chef vum Katastropheschutz Tim Wiebusch. Et misst dovun ausgaange ginn, datt dës nach deeg- oder souguer wochelaang brenne wäerten. Honnerte Pompjeeën aus dem ganze Land sinn am Asaz.

An Australien ass den Ament Summer. An de Summerméint ginn et am Land reegelméisseg Bëschbränn. Duerch de Klimawandel hëlt d’Zuel an d’Intensitéit vun den Dréchenten a schwéiere Bëschbränn allerdéngs zou. D’Duerchschnëttstemperatur am Land ass Wëssenschaftler no zanter 1910 ëm 1,5 Grad Celsius geklommen.

Back to Top
CIM LOGO