No NATO- an OSZE-ReuniounAusseminister Bettel schwätzt vu „cocasser Situatioun“

Pierre Jans
Nom Sommet vun der OSZE, der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa, an där 57 Staaten, inklusiv d‘USA, Russland an d‘Ukrain vertruede sinn, ka vu Sécherheet aktuell net rieds sinn, sou de Xavier Bettel.
© Emile Mentz

Den Ausseminister Xavier Bettel bei der OSZE

Fir den Ausseminister Xavier Bettel ass et eng intensiv Woch mat sou munch Reesen. Fir d‘éischt bei der NATO zu Bréissel. Elo zu Wien um Sommet vun der OSZE. Am Virfeld war iwwerhaapt driwwer diskutéiert ginn, wat dee Sommet zu Wien an der aktueller Situatioun brénge kann. Ma dass de russeschen Ausseminister Lawrow net present ass, ännert dem Xavier Bettel no net vill.

„Et geet do eran, an do eraus beim Russ. Seng Leit si jo awer do. D‘Messagë kommen also un. Dat zielt. Mä ob deen do sëtzt, oder seng Ambassaden him duerno soen, wat mir gesot hunn, dat ännert net vill.“

Och den US-Ausseminister Marco Rubio war weder zu Bréissel bei der NATO, nach ass en zu Wien. De Lëtzebuerger Ausseminister war op all de Rendez-vousen, kann awer net vu Progrèse schwätzen, wat en Enn vum Krich an der Ukrain ugeet.

„Ech hunn eng Reuniounitis-Woch gehat mat ganz, ganz ville Reuniounen. E Waffestëllstand ass nach ëmmer net um Ordre du jour. Ech wëll just drun erënneren, dass ee vu bis zu 20 Punkte schwätzt. Et huet keen déi Punkte gesinn. Ech weess just, dass déi Verhandlunge schwiereg sinn. Den amerikaneschen Ausseminister war net bei der NATO an ass och haut net hei. Hie seet eis awer, mir sollen amerikanesch Waffe kafen an oprëschten. Op der anerer Säit gëtt de Witkoff dem Putin a Russland no. Et ass eng cocasse Situatioun déi mir hunn. Dat ass d‘Realitéit.“

Kloertext och beim Constat, dass aktuell ee Mann vu Washington eleng decidéiert, wéi Konflikter verlafen a wéini si gestoppt ginn. Dem Xavier Bettel no geet et fir d‘Europäer elo drëms, sech Froen driwwer ze stellen, wéi si hiert Gewiicht nees besser asetzen. Zu Wien bei der OSZE war et awer eng gutt Geleeënheet, mat den zentralasiatesche Staaten an d‘Gespréich ze kommen.

„All déi -Stanen: Kasachstan, Usbekistan, Tadschikistan, Turkmenistan“, esou den Ausseminister Xavier Bettel vu Wien.

Back to Top
CIM LOGO