
Wéi ënner anerem de belschen Noriichtesite “L’Avenir” schreift, hätt et an der Nuecht op e Freideg un der belsch-Lëtzebuerger Grenz eng grouss Drogekontroll ginn.
Géint 1 Auer moies hätt ee BMW d’Stroossespär vun der belscher Douane a Police laanscht d’N81 tëscht Arel a Miezig (Messancy) duerchbrach, just e puer Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz fort.
Déi véier Leit u Bord vum Auto hätte sech a Richtung Aubange duerch d’Bascht gemaach, wou si dunn an der Avenue de la Gare aus dem Won gesprongen an zu Fouss geflücht wieren. D’Police hätt de BMW duerchsicht an dobäi Sprengstoff fonnt.
D’Decouverte hätt de Service Deminage op de Plang geruff an en Deel vum Quartier hätt missen evakuéiert ginn. D’Charge wier dunn am Bësch vun Athus kontrolléiert gesprengt ginn. Dräi Verdächteger wieren interpelléiert ginn, esou de Buergermeeschter vun Aubange der belscher Noriichtesäit “7sur7" géigeniwwer.