GuadeloupeAuto rennt a Foodtruck - 19 Blesséierter, dorënner 7 Kanner

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Op Guadeloupe koum et e Freidegowend lokaler Zäit zu engem uergen Accident mat ville Blesséierten.
© Guillaume Pinon / Hans Lucas via AFP

Wéi ënner anerem d’AFP mellt, ass an der Touristestad Sainte-Anne en Auto an e Foodtruck gerannt, wéi hei eng Schlaang vu Leit amgaange war, Iessen ze bestellen. De lokalen Autoritéiten no sinn dobäi op d’mannst 19 Persoune blesséiert ginn, dorënner siwe Kanner. Ënnert de Blesséierten, dorënner e Jong vun 10 Joer, wieren der dräi a kriteschem Zoustand, heescht et weider.

De 45 Joer ale Chauffer ass festgeholl ginn, hie gouf positiv op Alkohol a Cannabis getest. Den Autoritéiten no hätt no der Kollisioun e Grupp vu Leit versicht, hien “ze lynchen” an en hätt misse vun der Police aus dem Auto erausgezu ginn. Geschitt war den Accident géint 19.45 Auer Lokalzäit an der Géigend vun engem Chrëschtmaart.

Back to Top
CIM LOGO