
De Gleiwitzer Kanal, deen a Polen an d’Oder fléisst, ass voller Goldalgen. Dat huet mat der Hëtzt, mee och mam Ofwaasser vun der Industrie ze dinn, wat hei an de Flooss fléisst.
Duerch déi vill Goldalgen dierf den Ament net gefëscht ginn an d’Fësch stierwen a Massen. Dofir gräifen d’Experten an de wäisse Kostümer hei elo op Waasserstoffperoxid zeréck. Experimenter hunn nämlech erginn, dass dës Chemikalie Goldalgen bis zu 99 Prozent neutraliséiert. Dobäi wier d’Konzentratioun vum Waasserstoffperoxid net geféierlech fir aner Liewewiesen.
Nieft dem Asaz vu Chimie huet een elo och den Zoulaf vum Kanal an d’Oder gestoppt, bis d’Waasser rëm méi propper ass.
“Wasserstoffperoxid a Flëss a Séien ze leeden, ass eng Drëps op de waarme Steen”, fënnt d’Katarzyna Bilewska vu Greenpeace. Dëst hätt laangfristeg keen Erfolleg. D’Katastroph géif elo schonn zwee Joer undaueren a keen Enn huelen. Dat hätt ënnert anerem mat salzegem Ofwaasser ze dinn, wat vun de Minnen an d’Flëss leeft.
Dëst gesäit och déi polnesch Ëmweltministesch an. D’Léisung wier éischter eng Entsalzungsanlag. Et wier awer net sécher, wou a wéini dës Anlag an d’Spill komme soll.
Den Ament ass d’Oder also virun de Goldalge protegéiert, well d’Waasser am Kanal zeréckgehale gëtt an d’Algen hei neutraliséiert ginn.