
Bis ewell ass dat op fräiwëlleger Basis. Enger neier Reegelung no soll beim Ufroe vum EST ënner anerem och de Verlaf vun de Social-Media-Profiller aus de leschte fënnef Joer bäigefüügt ginn. Och aner Donnéeë sollen an Zukunft ofgefrot ginn: d’Telefonsnummeren aus de leschte fënnef Joer, d’E-Mail-Adressen aus de leschte zéng Joer an och perséinlech Donnéeë vu Familljememberen: dorënner Nimm, Telefonsnummeren, Gebuertsdatum, Gebuertsuert an d’Adress.
Déi nei Bestëmmung déi en Dënschdeg publizéiert gouf, gëllt fir Bierger aus 42 Länner – dorënner Frankräich, Groussbritannien, Australien, Israel, Japan, Südkorea a Lëtzebuerg. Si trëtt bannent 60 Deeg a Kraaft, ausser se gëtt viru Geriicht ugefecht. Am Kader vum “Visa Waiver Program” dierfe Reesender bis zu 90 Deeg visumfräi an d’USA reesen, wa si virdrun eng elektronesch Areesgeneemegung (ESTA) ugefrot hunn. D’US-Regierung geet zanter dem Amtsuntrëtt vum President Donald Trump am Januar méi staark géint ongewollte Migratioun vir a verschäerft an deem Kontext d’Areesbestëmmungen. 2026 sinn d’USA nieft Kanada a Mexiko d’Gaaschtlänner vun der Futtball-WM – mat Honnertdausende Visiteuren aus der ganzer Welt.