
Déi baltesch Staaten hunn, nodeem d'Russen Alischer Usmanow a Michail Fridman vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach goufen, eege Strofmesurë géint déi zwee Oligarchen decidéiert. Den Usmanow an de Fridman wieren op d'Lëscht vun onerwënschte Persoune gesat ginn, esou e Spriecher vun de litaueschen Autoritéite fir Awanderung e Méindeg. Lettland huet Finanzsanktiounen an Limitatioune beim Areese géint béid Oligarchen decidéiert, esou mellt de Sender LSM. Estland hat schonn an der leschter Woch national Strofmesurë geholl.
Esou reagéieren déi dräi EU- an NATO-Memberen op d'Decisioun vun der Europäescher Unioun, déi zwee Milliardäre vun der Sanktiounslëscht ze sträichen. D'EU-Länner haten no Diskussiounen, déi sech iwwer Deeg gezunn hunn, hir Russland-Sanktiounen ëm 36 Méint verlängert, den Usmanow, op Demande vu Frankräich, an de Fridman, op Ufro vu Lëtzebuerg, awer vun der Lëscht geholl.
Lettland hat sech déi d'Ophiewe vun de Sanktioune géint béid Oligarche gewiert an d'Decisioun blockéiert, huet awer säi Widderstand wéinst dem Drock vun den aneren EU-Staaten opginn.
Och de Regierungschef aus Litauen Mindaugas Sinkevicius hat gefuerdert, datt d'Sanktioune bäibehale ginn. "Oligarche sinn Deel vun der russescher Krichsmaschinerie", huet hie gesot. Et dierft net zougelooss ginn, datt si sech "an Europa wuelfillen, wärend Ukrainer ëmbruecht ginn". Och den esteschen Ausseminister Markus Tsahkna huet den zwee Milliardäre virgehäit, da russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain weider ze ënnerstëtzen an dozou bäizedroen, "datt dëse weidergeet".
Den Usmanov an de Fridman gehéieren zu den Dosende russesche Geschäftsleit, déi d'EU wéinst de Sanktioune verklot hunn. Béid stoungen zanter 2022 op der Sanktiounslëscht. Bréissel huet hinne virgeworf, mat hiren Entreprise bedeit Sue fir de Kreml ze generéieren.