Den ukraineschen Ausseminister hat schaarf kritiséiert, datt d'EU op d'Fuerderung vu Frankräich a Lëtzebuerg, fir d'Oligarchen Alisher Usmanov a Mikhail Fridman vun der Sanktiounslëscht erof ze huelen. Dat wier, fir sech ze schummen an net ze rechtfäerdegen.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden seet dozou:
"Wéi en anert Land gefrot huet, fir unzefänken, d'Lëscht ze änneren. En l'occurrence Frankräich an d'Slowakei huet aus Grënn vum héijeren Interêt vum Land, fir Schued vum Land ewechzehalen, Lëtzebuerg och gefrot, fir eng Diskussioun iwwert eng aner Persoun, déi op där Lëscht stoung ze maachen."
D'Lëscht gouf ëm dräi Joer verlängert, ouni déi zwee Geschäftsleit.
"An dorënner deen, dee Lëtzebuerg fir 16 Milliarden ugesicht huet. A wéi gesot, am héijeren Interêt vum Land hu mir déi Decisioun geholl, och nodeem mer mat villen aneren doriwwer geschwat hunn."
Dozou, ob de Mikhail Fridman sech engagéiert hätt, seng Klo zeréckzezéien, kéint de Premier virun der Press näischt soen. Et hätt een der Ukrain an deene leschten Deeg awer de Support nach emol confirméiert, esou de Premier. Den Ausseminister Xavier Bettel hätt och um Bord vun der Uno-Vollversammlung zu New York mam ukrainesche President Selenskyj geschwat.